![]() |
RTL - Pisa, de WëssensmagazinLanguage: lb Genres: Natural Sciences, Science Contact email: Get it Feed URL: Get it iTunes ID: Get it |
Listen Now...
Summer-Geforen, 13/07/2025
Sunday, 13 July, 2025
Wéi ee gesond a sécher duerch de Summer. Wann eng Persoun erdrénkt, soll een als Laien net direkt dohi schwammen. Am PiSa weise mir wéi ee richteg reagéiert, wéi een sech viru Blëtzer schützt an et geet em d’Gefor vun Donnerwieder beim Open Air. Firwat ee lokal Donnerwieder net ëmmer ganz präzis viraussoe kann a wat de Concertspromoteur alles maache muss, dass d’Leit gesond a sécher duerch de Concert kommen. An um Stauséi erkläert e Fuerscher wéi en ëmmer méi moderne Blo-Alge-Monitoring zu méi Sécherheet beim Schwamme féiere soll.